
D'Stéit géingen déi allgemeng wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg elo vill méi positiv aschätzen, och wa se hir perséinlech finanziell Zukunft e bësse manner gutt géinge gesinn. D'Leit géingen hir aktuell perséinlech finanziell Situatioun e Stéckche manner gutt gesinn. D'Intentiounen, gréisser Saachen anzekafen, wier awer an d'Luucht gaangen.
De Vertrauen-Indicateur, deen aus deene 4 Komponenten ausgerechent gëtt, läit elo bei -7,2 Punkte méi héich wéi am Februar an d'selwecht wéi am Januar. Am Mäerz zejoert louch dee selwechte bei -9, am Abrëll 2020 louch en um Déifpunkt vu -24.