
Wien no der Croix-Rouge, déi aktuell de Proprietär vun dëser exzeptioneller Privat-Proprietéit mat hire 85 Hektar ass, neie Schlasshär gëtt, ass nach net gewosst.
Egal wéi ass de Staat net drun interesséiert, fir d'Proprietéit, déi och als fréiere Besëtz vun der Famill de Broqueville als nationale Patrimoine geschützt ass, z'iwwerhuelen.
An der Stee gouf de minimale Präis mat 5,2 Milliounen Euro ugesat.
Wéi et an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup vun de Ministeren Tanson a Gramegna heescht, hätt de Staat kee Besoin, fir d'Biertrenger Schlass ze kafen. Nieft den héije Renovatiounskäschte ginn och déi grouss Fraise fir de Fonctionnement vum Schlass a sengen Terrainen a Bëscher genannt.
Als potenziell Keefer fir d'Biertrenger Schlass hate sech och déi 5 Nordstad-Gemengen interesséiert gewisen.
D'baulech Grondlage vum Biertrenger Schlass ginn op d'13. Joerhonnert zeréck. No 1813 hat d'Schlass der Famill vum Ex-Premier Felix de Blochhausen gehéiert, éier et 1936 vun der Famill vum fréiere belsche Staatsminister Charles de Broqueville iwwerholl gouf.
2018 waren d'Gebailechkeeten an Terrainen der Croix-Rouge vermaach ginn.
D'Stee (par soumission cachetée) leeft wéi gesot bis Enn dëser Woch.
LINK: Top Secret - D'Biertrenger Schlass
Verstoppte Plazen - FOTO-Serie (11): Biertrenger Schlass, kulturell Patrimoine aus dem 13. Joerhonnert