
Vill Projete wiere scho gestëmmt ginn, huet d'Corinne Cahen vun der DP betount an huet och eng ganz Partie dovunner opgezielt, dorënner:
"De Kontakt 28 vun der Jugend - an Drogenhëllef, déi kruten e Poste bäi, soudass déi och samschdes kënnen opmaachen. Dann hu mer e Projet, deen am Bau ass. Dat ass de Centre d'hébergement mat 20 Plazen an der Eecher Strooss. Déi Struktur, déi wäert 20 Plazen hu fir ze schlofen. Mee net nëmme Schlofplazen, mee do kommen och Raim, wou medezinnesch a sozial Prise en chargë kënne gemaach ginn."
E ganz wichtege Projet wier iwwerdeems dee vun enger Buanderie sociale:
"Do ass elo virgesinn, dass mer op den dernier sol eng modulär Struktur bauen. Dat soll e prefabriquéierte Container sinn. Do kommen Duschen dran, Toiletten an och Wäschmaschinnen. Mir gesinn och, dass d'Wäschmaschinnen ëmmer extreem vill gebraucht ginn, sief dat am Bistro Social Courage oder sief dat bei Inter-Action, déi och Wäschmaschinnen hunn zu Bouneweg."
De Kontakt 28 vun der Jugend- an Drogenhëllef soll dann och en neit Gebai kréien, well se aktuell keng Leit méi kënnen ophuelen:
"D'Objektiver vun dësem Projet, déi sinn d'Stroossbuerger Strooss a ronderëm déi Stroossen alleguerten ze entlaaschten, de Kontakt 28 och nees méi laang opzehalen an och méi Capacitéit ze schafen, dann och méi Raum ginn, fir dass d'Leit consomméiere kënnen, fir dat net mussen an der Strooss ze maachen."
Déi komplett Mesuren, déi am Kader vum Drogendësch zréckbehale goufen, géifen zesumme mat de véier Ministèren, déi mat implizéiert sinn, am Laf vun dësem Joer presentéiert ginn, huet d'Lydie Polver iwwerdeems nach preziséiert.