Ëm 100 Kanner tëscht 7 an 12 Joer ware mat hirer Maison Relais dobäi. Organiséiert gëtt d’Konferenz vum Kannermusée PLOMM an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung.
D’Thema fir dëst Joer huet sech aus dem Feedback vun der CHICO vum leschte Joer erginn. Well vill Kanner gesot haten, dass et hinnen u Méiglechkeeten an u Raim géing feelen, fir fräi kënnen ze spillen. Elteren hunn dacks keng Zäit, den Alldag ass meeschtens voller Rendez-vousen. Dat fënnt och de Kilian. Hien huet 9 Joer a sot an de Mikro: “Wann ech mat menger Mamm spillen oder mat mengem Papp, da sinn ech frou, well dat ass scho rar.” Och d’Lucia seet, dass hatt am léifste mat sengen Elteren oder mat sengem Brudder spillt. “Ech hätt léiwer, ech kéint nach méi spillen, mee dat geet eben net.”
Fir Kanner ass spillen effektiv net just eng Aktivitéit ënnert villen, erkläert d’Manon Eicher, Direktesch vum Kannermusée PLOMM. Kanner entdecken doduerch vill sozial Komponenten. An engem spilleresche Kader übe si sech u Reegelen ze halen, mee och ze erkennen, wéi aner Leit reagéieren oder wéi wäit ee goe kann an natierlech och, wou fir si selwer d’Grenze sinn. “Dat muss een am beschten an der Famill och üben, wou d’Kand sech sécher spiert a wou och d’Elteren dat da mat de Kanner kënnen exploréieren.”
Wärend dem Spille ginn och Bezéiunge mat anere Kanner oder mat den Elteren an de Geschwëster nei erfuerscht, getest an op d’Prouf gestallt. Dowéinst wier et der Direktesch vum Kannermusée no besonnesch wichteg, dass grad an der Famill zesumme gespillt gëtt. Well Kanner an engem Ëmfeld, an deem si sech wuel fillen, méi aus sech erausginn.
Aner Kanner kenneléieren, seng Frënn gesinn a Spaass hunn, dat ass dem Stella beim Spille besonnesch wichteg. Ma all d’Kanner si sech eens, dass si gäre méi géinge spillen. Op der Kannerkonferenz konnte si an ënnerschiddlechen Atelieren tëscht Beweegung, Kreativitéit, Digitalitéit, Rollespiller oder Baue ganz fräi wielen, wat si maache wëllen, encadréiert duerch geschoulte Leit. Mee dacks kommen d’Kanner selwer op vill Iddien, wa si de Fräiraum dofir kréien. Duerch d’CHICO sollt hinne genee dat vermëttelt ginn. Dass Spillen tatsächlech essenziell ass fir d’Entwécklung.
Dat fënnt och d’Lisa, 9 Joer: “Ech hu matkritt [haut], dass ee Spille muss hunn, well ouni Spillen näischt geet.”