Fermeture vun Indorama VenturesSozialplang gouf ënnerschriwwen, potentiell eng 80 Persoune concernéiert

RTL Lëtzebuerg
De Grupp Indorama Ventures hat jo Ufank Juli matgedeelt, säi Site zu Stengefort wëllen definitiv zouzemaachen.
© RTL Archiv

E Mëttwoch hunn OGBL an LCGB, zesumme mat der Personaldelegatioun an der Direktioun vun Indorama Ventures Mobility Luxembourg, e Sozialplang am Kader vun der annoncéierter Fermeture zu Stengefort ënnerschriwwen. Betraff sinn hei eng 80 Leit, et géif awer nach gekuckt ginn, ob a wéi eng Leit scho kéinten an d'Preretraite goen.

Bei de Verhandlungen, déi deels intensiv gewiescht wieren, hätte béid Gewerkschaften en Accord fir déi betraffe Leit erreecht, deen et erméiglecht, op der enger Säit dës Leit bis bei d'Fermeture ze begleeden, ma hinnen awer och d'Transitioun, fir op eng nei Plaz ze kommen, ze vereinfachen.

Indorama produzéiert zu Stengefort technesch Textilie fir Pneuen an aner Produiten aus Gummi ze verstäerken. Et ass eng relativ kleng spezialiséiert Fabrik bannent dem Konzern, fir deen e puer zéngdausend Leit weltwäit schaffen. De Mammekonzern huet säin Haaptsëtz zu Bangkok.

Hei de komplette Communiqué vun OGBL an LCGB als PDF!

Back to Top
CIM LOGO