Wéi Zuele sech dës Woch hei am Land developpéieren, kéint den Toun fir déi nächste Wochen a Méint uginn.
Mir sinn an engem exponentielle Regimm, esou de Fuerscher. Kaum verwonnerlech mat engem Impftaux, dee sech zanter de Summer Méint wéineg verännert huet.
„Natierlech huet d‘Impfung en Impakt. Mee mir hunn 2 Situatiounen, déi elo dobäikommen. Éischtens eng Effektivitéit vum Vaccin, déi mat der Zäit ofhëlt. Dat zweet ass, datt Delta-Variant awer méi iwwerdrobar ass.“
Déi sozial Engagementer wiere bei jidderengem iwwert déi lescht Méint nees geklommen. Datt déi mat dësem Wieder dobannen hiert Doheem hunn, géisst zousätzlech Ueleg an d‘Feier. De Schutz steet am Virdergrond.
„Fir deen awer ze hunn, ass et wichteg, datt esou vill an esou séier ewéi méiglech „geboost“ gëtt. Dat ass essentiell, wann een eis Simulatioune kuckt.“
Et wier méiglech, eng 2.000 Persounen den Dag mat engem „Booster“ ze vaccinéieren.
„Wa mer dat da maachen an elo direkt domadder ufänken – da misste mer en Impakt vun de Fallzuelen am Januar/Februar spieren. Dat manifestéiert sech net direkt.“
Den Zougrëff op Tester ass e bëssen iwwerall an Europa e Problem. Och zu Lëtzebuerg, esou de Fuerscher. D‘Méiglechkeet sech testen ze loossen, wier besonnesch elo essentiell.
Vu Säite vun der Fuerschung ass et iwwerdeems den Opruff, gréisser privat Evenementer, wa méiglech, op d‘Fréijoer d‘nächst Joer ze verréckelen.
