Eng 40 dovunner koumen aus Familljen, wou béid Eltere schaffen. Um Kierchbierg wier schonn zanter längerem gewosst, dass souwuel d’Schoul wéi och de Foyer net grouss genuch wieren. Sou hat d’Gemeng schonn 2012 fir eng nei Schoul gestëmmt an obschonns d’Resultat positiv war, ass bis elo näischt Konkretes gemaach ginn.
Der Schäffe Colette Mart no hätt een effektiv de Wuesstem um Kierchbierg ënnerschat, wouduerch de Projet vun enger neier Schoul Retard krut. Allgemeng wier et awer schwéier, prezis Precautioune fir d’Zukunft ze treffen, vue dass sou vill Wunnengen an Haiser gebaut ginn.
Ma och op anere Plazen uechter d’Land gëtt et awer ëmmer méi problematesch, fir eng Plaz an der Crèche oder am Foyer ze kréien. Dat hätt verschidden Ursaachen, ënner anerem laang Bauzäiten an e Manktem u Personal. Grad d’Stater Quartiere kéimen hei dacks ze kuerz, vue dass d’Educateuren normalerweis do no enger Plaz sichen, wou si och wunnen. Ma och fir privat Crèchen a Foyere wier et net einfach Personal do ze behalen, well se logescherweis net sou vill kéinte bezuele wéi staatlech Institutiounen.
Fir eise Télésreportage hu mir eis d’Problematik nach méi genau ugekuckt an eng Famill fir en Dag begleet, deenen hir Kanner dëst Joer keng Plaz méi am Foyer kruten.