
Wéi d'Wort schreift, wier déi sougenannten DDoS-Attack en Donneschdeg géint 13 Auer ugaangen. En Dateleck géif et awer net ginn, huet de Restena-Direkter Gilles Massen de Kolleege verséchert. Op der Servere vun der Uni géife keng sensibel Date gespäichert ginn. Zil vun der Attack wier den Internetoptrëtt vu Restena.
Well d'Attack keng besonnesch héich Bandbreet géif notzen, wier se éischter nerveg, wéi geféierlech, sou hiren Direkter weider.