Kooperatioun mat Boeing a SpaceXSES wëllt dëst Joer nach 3 Satellitten an de Weltall schécken

RTL Lëtzebuerg
Mam sougenannten O3b-mPOWER-Satellittekommunikatiounssystem solle Leit, Länner an Institutiounen e bessere Reseau an enger besser Connectivitéit kréien.
© RTL Télé Lëtzebuerg (Archiv)

D'Betzder SES ass bannent de leschte Joren zu engem vun de gréisste Satellitten-Operateure vun der Welt ginn. Zu den Ziler vun der Firma gehéiert et, de Leit, Länner an Institutiounen e bessere Reseau an eng méi séier Connectivitéit ze bidden. Mam sougenannten O3b-mPOWER-Satellittekommunikatiounssystem soll dat lo weider geléngen. An Zesummenaarbecht mat Boeing a SpaceX ass geplangt, nach dëst Joer 3 vun am Ganzen 9 Satellitten an de Weltall ze schécken.

Kooperatioun SES / Boeing / Space X / Reportage Chris Meisch

Bei enger Populatioun, déi weider wiisst, gi Satellitte fir eng global Kommunikatioun ëmmer méi wichteg. Mam O3b-mPOWER-Satellittekommunikatiounssystem gëtt eng besser Internetverbindung op engem méi grousse Reseau ugebueden. Domat soll et erméiglecht ginn, per Internet iwwerall op der Welt eng besser Connectivitéit ze hunn. Well SES keng Satellitte baut, schaffe si mat Boeing zesummen.

De Ferd Kayser, Member vun der SES-Direktioun: "D'Zil geet hei en particulier bei O3b mPower drëms, fir ëmmer méi Connectivitéit ze erméiglechen. Dat heescht, mir wëssen dass och anerersäits d'Demande fir Connectivitéit exponentiell an d'Luucht geet. An dat doten ass sou ze soen eise Beitrag als Satellittenoperateur, bei deene Reseauen, déi mussen exploitéiert ginn, fir déi Connectivitéit ze erméiglechen."

Vun dëse Satellitte brauch een der op d'mannst 6 Stéck, fir de ganze Globus ze couvréieren. SES start mat 9 Satellitten, déi bis Mëtt nächstem Joer solle lancéiert ginn. Déi éischt 3 ginn Enn dës Joers mat enger SpaceX-Rakéit an den All geschoss. Déi grouss Eegenaart vun de Satellitten ass déi sougenannten "Latency", also déi Zäit, wou ee Signal vum Buedem bis bei de Satellit an nees zréck brauch. Hei ass se kloer méi kuerz wéi bei fréiere Satellitten-Modeller.

"Déi kuerz Latency, dat ass eng ganz wichteg Qualitéit fir d'Date-Connectivitéit. An déi aner grouss Charakteristik vun mPower ass ee Mol vill méi Bandbreet an eng extrem Flexibilitéit."

An anere Wierder huet ee mat dem neie Satellittekommunikatiounssystem eng méi grouss Stäerkt a Bandbreet vum Signal. Dës erlaabt et de Clienteë méi flexibel a méi intensiv vum Internet ze profitéieren. Ënnert anerem kënne virun allem Telekom-Operateuren dovu profitéieren. Orange ass ewell Client. Nach eemol de Ferd Kayser, Member vum SES-Executiv-Kommitee:

„Et geet vill méi séier, méi schnell, méi bëlleg a méi onkomplizéiert. Et muss ee sech dat Ganzt virstelle wéi ee grousst Télékommunikatiounsnetz ronderëm de Globus, wat op enger extreemst flexibeler an dynamescher Basis kann agesat ginn. A si kënnen déi Capacitéit selwer softwarebaséiert geréieren, do wou si se brauchen, wéini si se brauchen an och de Volume, d'Bandbreet, déi kann deementspriechend ugepasst ginn.“

Bis ewell huet d’SES och eng Partnerschaft mat Microsoft. D‘Firma wäert op 03b mPOWER zréckgräifen, fir ënnert anerem hir Cloud-Aktivitéiten ze verstäerken.

Ma och op Croisièresschëffer oder a Fligere soll dës Technologie agesat ginn, fir zu all Moment vun enger High-speed-Internetverbindung ze profitéieren an d'Reseauen ze exploitéieren.

Back to Top
CIM LOGO