Invité vun der Redaktioun (29. Januar)Serge Allegrezza trëtt als President vu LuxTrust zeréck

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie war d'Pann bei LuxTrust Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Serge Allegrezza
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Serge Allegrezza huet en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview annoncéiert, datt hien als President vum Verwaltungsrot vu LuxTrust demissionéiert. Dës Decisioun huet hien e Mëttwoch schonn dem Verwaltungsrot an enger Sëtzung matgedeelt. Dës Demissioun kënnt no 20 Joer un der Spëtzt an ass eng Konsequenz vun der grousser technescher Pann am Dezember. Eng Nei-Orientatioun vu LuxTrust wier elo néideg.

Eng digital Pann mat groussem Impakt

Mëtt Dezember war LuxTrust fir bal 24 Stonnen ausgefall. Digital ass bal näischt méi am Land gaangen. Keen Online-Banking, kee MyGuichet an och vill Entreprisë ware betraff, déi weder Sue konnte verdéngen, nach zum Beispill Paien ausbezuelen. “Et war e peinleche Feeler, dee leider e groussen Impakt hat”, esou de Serge Allegrezza. Hie kéint sech dofir nëmmen nach ee Mol entschëllegen. Esou e Problem hätt net dierfe geschéien.

Ursaach: Materialfeeler an technesche Bug

D’Pann ass op eng Kombinatioun vun engem Materialfeeler a vun engem “Bug” zréckzeféieren Eng sougenannt “Carte fibre” war ausgefall. Normalerweis wier dat kee Problem, well et am Ganzen aacht där Kaarte gëtt, an de System automatesch op eng aner iwwerspréngt. Mä dee Sprong huet net funktionéiert. Well d’Datebank extrem grouss ass, huet d’Rekonstruktioun déi ganz Nuecht iwwer gedauert. Den Dag drop um 12.20 Auer waren déi meescht Haaptfunktiounen nees operationell.

Pläng fir eng “Super-Resilienz”

De Wirtschaftsminister Lex Delles hat déi laang Dauer vun der Pann als “inakzeptabel” bezeechent an ugekënnegt, Alternativen ze préiwen. Hien hat also Fro opgeworf, ob d’Monopol-Stellung vu LuxTrust nach gerechtfäerdegt wier. No der Kris ass LuxTrust amgaangen, fir en neie Plang auszeschaffen, fir an Zukunft méi resilient ze sinn. Piste wieren en drëtten an eventuell e véierten Datenzenter, och an der Groussregioun. Zousätzlech wier eng Multi-Hybrid-Cloud-Léisung am Gespréich. D’Zil ass eng “Super-Resilienz”. Och d’Kommuniaktioun soll verbessert ginn. Hei huet den Nach-President Feeler zouginn.

D’Fro vum Monopol

D’Monopol-Stellung vu LuxTrust gesäit de Serge Allegrezza net problematesch. Hien erkläert, datt eng nei Konkurrenz-Infrastruktur extrem deier wier (20 bis 30 Milliounen Euro). Dat kéint d’Rentabilitéit vun der Gesellschaft a Fro stellen. Aktuell schaffen 130 Leit bei LuxTrust, déi soss ëm hir Plaz misste fäerten.

Phishing a Bedruchsversich: “Op näischt klicken”

LuxTrust ass eng Success-Story, mä dat awer leider och, wat Bedruchsversich ugeet. De Phishing, also d’Bedruchsversich am Numm vu LuxTrust, sinn e grousse Problem. Do wier leider de Facteur Mënsch de Problem, och wann ee géif dru schaffen, fir dat ze verbesseren. Hie kéint nëmmen de Rot ginn – an dat géif hien och selwer maachen – fir op näischt ze klicken, wat anscheinend vu LuxTrust kënnt.

Invité vun der Redaktioun: Serge Allegrezza

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Liest dozou och nach eis Artikelen zu der LuxTrust-Pann am Dezember:

Back to Top
CIM LOGO