
Direkt 6 Motocyclisten waren e Sonndeg de Mëtteg géint 15:30 Auer tëscht Nacher an der Kautebaach gefall. De CGDIS mellt dräi Blesséierter.
An den SAMU huet missen an den Asaz nieft Secouristen aus dem Éislek.
Kuerz virdrun, géint 14:30 Auer schonn, koum et zu enger Chute vun engem Motard tëscht der Bockholtzermillen an dem Heischtergronn. Hei gouf et ee Blesséierten hei.
Zwee Blesséierter dann géint 12:20 Auer tëscht Elleng a Welfreng. Hei haten zwee Ween sech ze pake kritt.
E weideren Autosaccident um 12:10 Auer zu Waasserbëlleg an der Lëtzebuerger Strooss. Hei gouf just eng Persoun verwonnt.