Op der B53Accident mat véier Blesséierten bei Tréier, Air Rescue am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Dënschdegowend hate sech op der B53 zwee Gefierer ze pake kritt. Véier Persounen sinn dobäi blesséiert ginn.
Op der B53 hu sech zwee Autoen ze pake kritt
Op der B53 hu sech zwee Autoen ze pake kritt
© Agentur SIKO

En Dënschdeg den Owend ass et op der B53 op der Héicht vun Trier-Ehrang zu engem Accident komm. Véier Persoune si liicht blesséiert ginn, zwee däitsch an zwee US-amerikanesch Staatsbierger. Zwee Gefierer waren aus bis ewell net bekannter Ursaach matenee kollidéiert.

Am Asaz war d'Polizeiinspektion Schweich, déi US-amerikanesch Military Police vu Spangdahlem, d'Rout Kräiz vun Ehrang a Schweich, d'Beruffspompjeeën an den Helikopter vun der Air Rescue. Wärend dem Asaz war d'Strooss am Beräich vum Accident gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO