
Schwanger Frae gehéieren zu de Risikopatiente beim Covid 19 a sollen och elo géint de Coronavirus kënne geimpft ginn – dat recommandéiert de Conseil superieur des maladies infectieuses an huet virun zwee Deeg eng nei Nott erausginn. D'Societéit vun de Lëtzebuerger Gynekologen hätt deen Text iwwer de Weekend mat ofgeseent, huet de President, den Dokter Pit Duschinger, confirméiert. Eng Impfung wär ëmmer mat manner Risiko verbonnen, ewéi eng Covid-Erkrankung, esou de Gynekolog. De Pit Duschinger steet also hannert der Decisioun, och wann et wéinst dem Manktem un Daten hei zu Lëtzebuerg keng wëssenschaftlech Basis dofir gëtt.
''Mir wëssen haut duerch déi vill Fäll, déi mir am Ausland haten an hunn, dass eng schwanger Fra vill méi e schwéiere Verlaf vun enger Covid-Infektioun kennt, ewéi de Rescht vun der Populatioun. Déi schwanger Frae gi jo souwisou als vulnerabel consideréiert. Dofir läit et no déi Leit ze privilegéieren an der Impfcampagne an hinnen elo ze roden, sech impfen ze loossen. Selbstverständlech.''
De Conseil supérieur des maladies infectieuses recommandéiert elo eng Impfung nom éischten Trimester a just mRNA-Impfstoffer, ewéi Pfizer a Moderna. Fraen, déi erwaarde sollen an der Phas 5B vun am ganzen 6 Phasen un d'Rei kommen.
Fraen, déi zousätzlech gesondheetlech Risiken hunn oder déi duerch hire Beruff besonnesch exposéiert sinn, sollen nach éischter un d'Rei kommen.
Wéi dat Ganzt organisatoresch iwwer d'Bün goe soll, ass nach net definitiv gekläert. D'Gesellschaft vun de Gynekologe wär op alle Fall bereet, an de Cabineten ze impfen.
D'Impfen hätt am Prinzip keen negativen Impakt op de Puppelchen am Bauch. Fir e Kand, wat vun enger Mamm gebuer gëtt, déi e schwéiere Covid-Verlaf hat, géif méi grousse Risk bestoen, erkläert de Dr. Duschinger. Bei schwangere Frae wär den natierleche Risiko fir Thrombose scho méi héich. Dofir sinn Impfstoffer mat sougenannte Vector-Viren, den AstraZeneca zum Beispill, den Ament fir schwanger Fraen net recommandéiert.
''Et kann ee keng Gefor ausschléissen, well mir net genuch Zuelen hunn. Hei geet et elo net ëm den RNA-Messenger-Imfpstoff, well do ass ni eng Augmentatioun vun den Thrombose festgestallt ginn. Et geet éischter ëm déi Impfstoffer mat den inaktive Viren. Do sinn d'Zuele vun Accidenter, déi geschitt sinn och ganz niddreg, mä et ass kloer, dass grad an enger neie Medezin, d'Leit méi genee lauschteren. Et muss een effektiv méi virsiichteg sinn an nach nei Zuele kréien.''
De Conseil supérieur des maladies infectieuses réit och Fraen, déi nieren, sech impfen ze loossen. Hei schwätzt sech de Conseil net fir e spezifesche Vaccin aus. Si kéinte mat all Vaccin geimpft ginn.
De Conseil supérieur des maladies infectieuses betount och, datt den Impfstoff keen Impakt op d'Fruchtbarkeet huet.