
Nach en Donnescheg koum d'Nouvelle, dass op en Neits bei engem Iwwerfall eng Schosswaff am Spill war. An och soss kritt een ëmmer rëm mat, dass Persoune vu Schosswaffe blesséiert ginn, och wann déi Noriichte méi dacks aus den USA kommen, wéi elo aus Lëtzebuerg. Et schéngt bei ville Leit eng allgemeng Ofneigung géigeniwwer Schosswaffen ze ginn. Déi eng hu sech villäicht ni mat deem Sujet ausernee gesat, déi aner fäerte Schosswaffen, opgrond vun deem, wat si aus de Medie matkréien.
De Besëtz vu Schosswaffen ass zu Lëtzebuerg relativ beléift. D'Zuel vu Waffe pro Awunner ass zu Lëtzebuerg méi héich wéi an eisen Nopeschlänner. Nom aktuelle Stand vum 16. November 2021 besëtze 15.348 Persounen zu Lëtzebuerg Waffen. 94.191 Waffe si beim Justizministère ugemellt. Dat sinn der bal 10.000 méi wéi virun 10 Joer. Déi meescht Waffen, nämlech 42.049 Stéck, sinn op e Sportwaffeschäin registréiert. Bal 36.000 Waffe si fir de renge Besëtz ugemellt. Dozou gehéiere privat Waffesammlungen awer och Waffen, déi vun der Famill geierft ginn. Déi aner 16.224 Waffe sinn dann op Juegdwaffeschäiner registréiert. En typescht Bild vun engem Lëtzebuerger Waffebesëtzer gëtt et net, et wier awer éischter e Männerdomaine, sou de Luc Reding vum Justizministère.
Mir hu mat zwee Lëtzebuerger geschwat, déi selwer autoriséiert Waffen doheem hunn. Si wëllen allebéid Waffen net verherrlechen, fäerten di si se awer net. Fir si si Waffen en Hobby. Wéinst dem schlechte Ruff vu Schosswaffe wëllen déi zwou Persounen awer anonym bleiwen.
Deen ee geet zënter klengem u mat op d'Juegd an huet sech virun engem Joer dofir entscheet, selwer de Juegdschäin ze maachen. Mëttlerweil besëtzt hie selwer 3 Waffen, déi als Juegdwaffe registréiert sinn. Deen aneren huet seng éischt Waff viru méi wéi 25 Joer kaf. Hien huet seng Passioun duerch e Kolleeg fonnt, deen e Waffebuttek hat. No an no huet hien ëmmer méi Interessi entwéckelt a besëtzt mëttlerweil 19 Waffen, déi iwwert e Sportwaffeschäin lafen. Besonnesch interesséiert hien d'Waffentechnik a wéi een domadder richteg ëmgeet.
Trotz Passioun, ob elo fir d'Juegd, de Schéissstand oder d'Privatsammlung, sinn déi zwee sech eens: De Besëtz vu Waffe bréngt eng grouss Responsabilitéit mat sech. Eng Responsabilitéit, där si sech och bewosst sinn. "Eng Waff ass keng Spillsaach... deen, deen d'Waff am Grapp huet, ass zu 100 Prozent responsabel fir all Degât", seet ee vu béiden.
Responsabilitéit ass fir déi zwou Persounen och doheem immens wichteg. Si lageren hir Waffen an engem spezielle Waffeschaf.
An dësem Safe lagert eise Gespréichspartner seng Waffen, wann hien net grad op der Juegd ass.
E Waffesafe ass keng Obligatioun, sou de Luc Reding vum Justizministère. Seng Waff einfach sou am Nuetsdësch leien hunn, geet awer net. All registréiert Waff muss wechgespaart sinn. D'Waffen dierfen net geluede sinn a musse vun der Munitioun getrennt gelagert ginn. Déi zwee Waffebesëtzer, mat deene mir geschwat hunn, fannen awer, dass de Waffeschaf déi beschten a sécherste Léisung ass an dass dëst eng Obligatioun sollt sinn.
Am Allgemenge si si zwee mat de Virgabe vum Justizministère awer zefridden. D'Reegele vum Waffebesëtz zu Lëtzebuerg wiere kloer, d'Ufroe vun Autorisatioune gutt gereegelt an d'Sécherheet duerch Zoufallskontrolle garantéiert. Dat eenzegt, wat ee vun hinne kritiséiert, ass, dass de Casier judiciaire bei enger Ufro, senger Meenung no, net duergeet. Nieft der rechtlecher Iwwerpréiwung vum Demandeur d'autorisation, misst d'Persoun och e psychologeschen Test maachen, fënnt hien.
De Luc Reding vum Justizministère betount awer, dass all Persoun, déi eng Waff besëtze wëll, streng iwwerpréift gëtt. Do gëtt net nëmmen de Casier genee gekuckt, mä och Protokolle vun der Police, déi den Demandeur betreffen, ginn iwwerpréift. Ass den Demandeur bei der Police e puer Mol negativ opgefall, zum Beispill wéinst Alkohol um Steier oder Drogemëssbrauch, wier dat Grond genuch fir de Ministère eng Autorisatioun ze verweigeren.
Ausserdeem muss den Demandeur e valabele Grond virleeën, fir eng Waff besëtzen ze kënnen. Eng Waff doheem ze hunn, fir sech einfach méi sécher ze fillen, zielt net als gudde Grond. Am Allgemenge muss d'Persoun virweise kënnen, dass se e Juegdschäin huet, an engem Schéissveräin ugemellt ass oder ebe wëlles huet, eng Privatsammlung ze féieren. Eng Waff besëtze kann also net jiddereen.
Waffen hunn no baussen e schlecht Bild, dat, well ee se dacks am Kontext vu Kriminalitéit, Krich an Amokleef begéint. Dofir kann de Jeeër, mat deem mir geschwat hunn, och novollzéien, dass déi meescht éischter Angscht viru Waffen hunn an de Privatbesëtz net gutt fannen. Anersäits versteet hien awer net, wisou dann esouvill Kanner Spillwaffen hunn an domadder hir Frënn beim Spillen "beschéissen". Et misst een de Kanner bäibréngen, wat Waffe sinn, fënnt hien.
Eisen anere Gespréichspartner kann déi Angscht géigeniwwer Waffen net esou novollzéien. Waffen am private Besëtz wieren et schonn ëmmer ginn. Déi Ausso "wa keng Waffen do wieren, wier manner Leed op der Welt" fënnt hien "idiotesch". Déi ënnerschiddlechst Virfäll géife weisen, dass e Messer wéi och en Auto genee sou als "Waff" kënne funktionéieren.
Begrënnt wier d'Angscht viru Waffen zu Lëtzebuerg net, sou de Luc Reding vum Justizministère. Virfäll, wéi dës an den USA reegelméisseg geschéien, géifen et zu Lëtzebuerg sou gutt wéi guer net ginn. De leschte gréisseren an tragesche Virfall wier d'Accident vun 2016 gewiescht, wou eng Fra vun engem Jeeër ugeschoss gouf. Soss géif et awer éischter zu méi klenge Verstéiss kommen, wou eng Waff net richteg gelagert war. Sou hätt ee bei Kontrolle scho Waffen an enger Schongkëscht fonnt oder am Kichentirang. An dëse Fäll géif een awer net laang zécken a séier mol de Waffeschäin entzéien. Dass et zu Lëtzebuerg esou wéineg zu Accidenter mat Waffe kënnt, ass fir de Luc Reding e Beweis fir déi gutt a strikt Aarbecht vun den Autoritéiten an der Kooperatioun vun de Waffebesëtzer.