
Lokal kënnen op de Koppen 1 bis 2 Zentimeter falen, esou Meteolux. An Däitschland geet ee plazeweis vu 5 bis 20 Zentimeter aus, dat allerdéngs éischter an de Bierger.

Kachelmannwetter mellt, dass virun allem am Éislek Schnéi a Schnéireen wäert erofkommen, deen am Virmëtteg dann a Reen wäert iwwergoen, dee mat kuerze Pause bis an den Owend dierft unhalen. D'Temperature gi bis an den Owend ëmmer weider erop a leien da bei 4 bis 6 Grad.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?