Täter op der FluchtSchnattwonn um Hënner: Mann bei Kläpperei zu Déifferdeng blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Kläpperei en Dënschdeg den Owend zu Déifferdeng ass e Mann mat enger Schnattwonn um Hënner blesséiert ginn an an d'Spidol bruecht ginn.
© Laurent Weber

Géint 22:20 Auer en Dënschdeg ass der Police eng Kläpperei tëscht e puer Persounen an der Rue Emile Mark zu Déifferdeng gemellt ginn. Eng Policepatrull ass direkt op d'Plaz gefuer an huet do e Mann mat enger Schnattwonn um Hënner fonnt. No enger éischter medezinescher Versuergung op der Plaz gouf d'Affer an d'Spidol bruecht.

Éischten Informatiounen no ass de Mann vun zwou Persounen ugeschwat ginn. Wéinst Verstännegungsproblemer soll hien déi Persounen am Ufank ignoréiert hunn.

Doropshin hätt ee vun den Täter d'Affer blesséiert, wat zu enger Kläpperei mat weidere Persoune gefouert huet. D'Affer a seng Begleedung sinn duerno zu Fouss geflücht.

Spéider huet d'Begleedung vum Affer festgestallt, datt och an hiert Gefier agebrach gi wier.

Trotz enger intensiver Sich no den Täter konnt bis elo kee festgeholl ginn. D'Police huet d'Ermëttlung opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO