D'Police sicht no ZeienSchëllege Chauffer hat sech no Accident dovu gemaach

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie géint 9 Auer war e op der Streck N12 Aasselbuer-Wëntger beim Rond-point zu engem Accident mat Materialschued koum.
© RTL Archiv

Een Auto war engem aneren hannendrop gerannt. De responsabele Chauffer, dee mat enger grousser schwaarzer Jeep (weider Detailer feelen) ënnerwee war, huet sech duerno an onbekannte Richtung duerch d'Bascht gemaach.

Méiglech Zeie solle sech bei der Police Ëlwen mellen (Tel. 244 87 1000 oder E-Mail police.troisvierges@police.etat.lu).

Back to Top
CIM LOGO