Bal 100% vun de Flëss a Séien zu Lëtzebuerg sinn Aschätzunge vum Waasserwirtschaftsamt no net an engem gudden Zoustand. Virun allem Dünger a Pestiziden, Mikroplastik an aner Schuedstoffer aus dem Ofwaasser belaaschten d'Bannen, ewéi Fléissgewässer. Och Begradegungen ewéi Schleise beanträchtegen d'Liewen am Waasser. Déi meescht Ëmweltschützer bedaueren, datt d'Waasserqualitéit nach ëmmer net den europäesche Standarden entsprécht.
Op den éischte Bléck gesi se propper aus. Op d'mannst 5 vun 10 Séien a Flëss zu Lëtzebuerg sinn dem Waasserwirtschaftsamt no just an engem méisseg ökologeschen Zoustand.
D'Grënn dofir si virun allem Schuedstoffer aus dem Ofwaasser, ze laang gouf do ze wéineg gemaach, seet den Dokter Luc Zwang, Directeur Adjoint vum Waasserwirtschaftsamt.
„Mir musse weider dru schaffen, d'Kläranlagen an de System weider unzepassen un de Wuesstem vun der Bevëlkerung, fir datt mer do net nees an de Réckstand geroden. Wat do dann nach iwwereg bléift, ass do, wou mer dann och an de leschte 6 Joer ze lues an der Ëmsetzung gi sinn: D'Renaturaliséierungsmoossnamen an Duerchgängegkeetsverbesserunge fir besonnesch déi biologesch Parameter ze verbesseren.“
Dës baulech Grenzen ewéi Staudämm a Schleise stéieren d'Verbreede vu Planzen an Déieren. Esou Hürde ginn dacks dann och duer, fir e Gewässer a säin Zoustand no ënnen ze klasséieren.
„D'EU-Direktiv applizéiert den “one-out – all-out“ Prinzip. Dat heescht esou vill ewéi, datt de schlechtste Krittär déi gesammt Bewäertung gëtt. Mir hunn zum Beispill ganz vill Donnéeën iwwert d'Fësch gesammelt an do si mer iwwerall just an engem méissegen Zoustand, mä dee gëtt elo scho vir, ewéi de ganze biologeschen Zoustand vun engem Gewässer ass. Och wann aner Parameter gutt oder ganz gutt sinn.“
Vun Ëmweltorganisatiounen ass et d'Fuerderung, sech op EU-Niveau fir de Schutz vun de Gewässer anzesetzen an d'Grenze fir d'Schuedstoff-Reglementatiounen net opzeweechen.
Déi aktuell EU-Richtlinn fir Memberstaaten obligéiert, d'Waasserqualitéit bis 2027 zu engem naturnoen Zoustand zeréckzebréngen.
90 Milliounen Euro d'Joer ginn dohier vum Ëmweltministère, ewéi och de Gemengen a proppert Waasser investéier, erkläert d'Ëmweltministesch.
„Mir hunn Accenter gesat. Enner anerem an den Renaturéierungen. Zanter 2015 sinn eng ronn 25 Kilometer u Baachen zu Lëtzebuerg renaturaliséiert ginn. Eng 50 Bauwierker fir Duerchgängegkeet si gebaut oder ëmgebaut ginn. “
Den Drock vun externe Pollueure bléift weider héich, seet d'Carole Dieschbourg.
„De Beitrag vun der Landwirtschaft ass éischter stabel bliwwen. Deen ass em 10% an de leschte Joren erofgaangen. Net grad esou vill ewéi dee bei de Kläranlagen, mä mir gesinn, datt den Drock nach ëmmer immens héich ass an dofir musse mer weider an e preventive Schutz vun eise Gewässer investéieren.“
Hei missten awer och déi privat, ewéi ëffentlech Acteure matspillen. Nach wier net iwwerall an an all Gemeng de Wëllen do, bei zum Beispill Renaturaliséierungsprojet matzemaachen. Dës wieren awer wichteg am Fall vun enger Verschmotzung duerch en Tëschefall, esou de Luc Zwank.
„Wann eng Fëschpopulatioun ganz geschiedegt ass, da kann dat bis zu 10 Joer dauere bis, datt déi nees op dee Wäert kënnt, wou se virdru war. A wann et dann esou ass, ewéi zu Lëtzebuerg, datt eeben nach esou vill Wanderhindernisser fir d'Fësch do sinn, dann dauert et ëmsou méi laang fir, datt sech déi sech nees repopuléiere kënnen.“
Am Kader vum Klima- a Naturpakt sollen deemnächst nei Instrumenter presentéiert ginn, déi och de Gemenge e Stéck méi finanziell hëllefe fir an hire Waasserschutz ze investéieren.