Avis StaatsrotSchaarf Kritik um Plang, fir gratis Iessen a Maison-relaisen ze zerwéieren

Roy Grotz
Vun dëser Offer solle Kanner profitéieren, deenen hir Eltere manner wéi 4 Mol de Mindestloun verdéngen; also aktuell 8.800 Euro.
© Shutterstock

Kee gutt Hoer léisst de Staatsrot an engem Zousaz-Avis zum Staatsbudget um Plang vun der Regierung, fir Kanner, déi an enger Maison relais iwwer Mëtteg sinn, d'Iesse gratis z'offréieren. Dëst hat de Staatsminister a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert.

De Staatsrot weist a sengem Avis vun en Dënschdeg op eng ganz Partie vun Onkloerheeten hin an vermësst e kloren Argumentaire vun den Auteure vun dëser Mesure, déi dem Staatsrot no kéint zu ganz vill Aarbecht fir d'Gemenge féieren, un deenen de ganze Verwaltungsopwand géif hänke bleiwen.

Och wier guer net garantéiert, datt all Kand och effektiv eng Plaz an enger Maison relais kritt. Gefrot gëtt sech och, firwat dann de Seuil vun enger Pai vu bal 9.000 Euro am Text spillt, fir d'gratis Mëttegiessen ze kréien. Dëst wier de Memberen aus dem Staatsrot jo wuel keen Indice fir eng Situatioun vun "Prekaritéit a sozialer Exklusioun".

Och géif den Text d'verfassungsméisseg garantéiert "Egalitéit vu jidderengem virum Gesetz" net respektéieren: Op där enger Säit géife Kanner, déi an enger Maison relais sinn e gratis Iessen zerwéiert kréien, wat awer ass mat Kanner, déi Heem iesse ginn, respektiv bei Frënn oder Familljen? An dëse Fäll géif de Staat näischt bezuelen a Kanner, déi an eng Maison relais iesse ginn, gi bevirdeelegt par rapport zu Kanner, wou d'Elteren eng aner Reegelung fir d'Garde iwwer Mëtteg fonnt hunn.

De Staatsrot schwätzt zwar keng formell Oppositioun aus, mä schléisst net aus, d'Dispens vum zweete konstitutionelle Vott NET ze ginn.

Proposéiert gëtt de ganzen Artikel aus de Budget-Amendementer erauszehuelen an en eegestännege Gesetzesprojet ze schreiwen, deen all dëse Kriticke Rechnung dréint a speziell op de Subventionnement vun Iessen an der Maison relais ageet.

Back to Top
CIM LOGO