
Et gi 4 Propositioune gemaach vun Direkt-Mesuren, déi sollten ëmgesat ginn.
Loyere fir de Commerce sollte wärend dem Etat de crise ausgesat an eréischt op den 30. Juni kënnen nobezuelt ginn. Proprietären, déi ganz oder deels op hire Loyer verzichten, sollten dofir da steierlech avantagéiert ginn.
Dernieft sollten "faillites sur assignation", also sougenannten Insolvenzen, och bis 2 Méint no der Kris ausgesat ginn.
Start-Uppen a Mikro-Entreprisë sollten eng zousätzlech staatlech Hëllef vun 3.000 Euro kréien.
An d’Handwierksbetriber sollte steierlech vergënschtegt ginn.
4 Gesetzespropositiounen an deem Sënn goufen e Méindeg dann och vun der CSV-Fraktioun bei der Chamber deposéiert.