StroossenSAMU am Asaz no Chute vu Motocyclist um Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
Op der Areler Strooss war e Motocyclist mat senger Maschinn gefall.
© Archivbild

E Mëttwoch den Owend ass op der Areler Strooss zu Stroossen, kuerz no 18 Auer, e Motocyclist gefall, an ass blesséiert ginn. Dem Bulletin vum CGDIS no war nieft de Stater a Mamer Secouristen och de SAMU op der Plaz.

Tëscht dem Potaschbierg a Maacher ware géint 17:20 Auer schonn d'Pompjeeë vu Mäertert a Fluessweiler am Asaz. Do hat nämlech e Gaardenhaischen gebrannt. Et blouf beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO