Är Tâchen / Aufgaben:
- Indexéieren, Klasséieren a Beschreiwe vu Video-Dokumenter
- Handling vum Video-Material
- Archivrecherche vu Reportagen
Äre Profil
Dir hutt:
- Rigueur an Interessi fir d’Aktualitéit
- Gutt Lëtzebuergeschkenntnisser (Verständnes)
- Gutt Franséischkenntnisser (geschriwwe Sprooch)
- Gutt Allgemengbildung
- Kenntnisser a Politik, Kultur an/oder Sport
- Min. Diplôme de fin d’études secondaires
De Kontrakt ass fir Januar 2022 bis Dezember 2022 virgesinn.
Falls Dir interesséiert sidd, schéckt eis Ären CV mat Motivatiounsbréif op kandidatur@rtl.lu .