
Fir déi véier Ekippe war et de siwente Rendez-vous géinteneen an dëser Saison. Déifferdeng brécht den Diddelenger Laf a steet eng zweet Kéier a senger Geschicht an der Coupefinall. Diddeleng war déi lescht sechs Joer ëmmer Finalist, mee ka seng Coupe dës Kéier net verdeedegen. Käerjeng hat liicht Spill mam Museldall, deem op de leschte Meter vun der Saison d’Loft ausgeet. Déi Gréng hunn e Sonndeg d’Méiglechkeet op den éischte Coupetitel zënter 2022.
Et war e Match, deen a Welle verlaf ass. Mol hat Diddeleng de Momentum, mol war Déifferdeng voll am Jus. Et war en Dammematch mat ongewéinlech ville Goler fir Lëtzebuerger Verhältnisser. Mat engem Kraaftakt am zweeten Duerchgang huet sech Déifferdeng d'Participatioun un der Finall verdéngt.
De Match hat mat Honnert à l'heure ugefaangen; no 6 Minutten hate béid Ekippe jee véier Mol markéiert. D'Red Boys konnt sech mat engem 4:0-Laf an der 11. Minutt déi éischt Féierung vum Match erspillen (8:6). Well d'Sarah Kupke bis dohin dräi Mol markéiert hat, gouf si op Manndeckung geholl, wat den Déifferdenger Ugrëff komplett duerchernee bruecht huet. Si sollten tëscht der 11. an der 20. Minutt ouni Gol bleiwen, och well d'Emeline Hoé am Diddelenger Gol e puer Bäll ze pake krut.
D'Déifferdenger Problemer an der Attack huet den HBD clever ausgenotzt a sengersäits e 6:0-Laf gestart. Domat war en éischte groussen Ecart gemaach (12:8). Dunn hunn och déi Rout mat enger Manndeckung op d'Joy Wirtz geäntwert a koume bis op ee Gol erun (13:12 an der 22. Minutt). Uschléissend huet sech d'Onkonstanz vun Déifferdeng nees gewisen a Scheuren, Kupke a Co sinn nees an e klengt Lach gefall. An der Paus louche si 16:20 hannen.
Wat och ëmmer de Michel Scheuren sengen Dammen an der Kabinn mat op de Wee ginn hat, si hunn nom Säitewiessel e ganz anert Gesiicht gewisen. D'Charlène Servant am Gol huet hire Matspillerinnen den néidegen Impuls fir d'Ophueljuegd ginn. D'Franséisin huet am zweeten Duerchgang just 7 Goler kasséiert an dobäi tëscht der 41. an der 48. Minutt d'Këscht propper gehalen. Sou konnt d'Red Boys an der 39. Minutt fir d'éischt zum Ausgläich kommen (22:22) an huet duerno Diddeleng iwwerrannt. Déifferdeng konnt déi zweet Hallschent mat 21:7 fir sech entscheeden.
Diddeleng huet eng weider Kéier an dëser Saison seng Onkonstanz ënner Beweis gestallt a muss ech fir d'Championnats-Finalle géint Käerjeng gutt preparéieren. Den HBD huet keng Léisunge méi géint d'Déifferdenger Defense fonnt an huet vill ze haseleg agéiert, an hanne krute si keen Zougrëff méi. D'Sarah Kupke, déi zum MVP gewielt gouf, konnt 10 Goler schéissen, mee och Melchior, Cilovic a Scheuren hunn dozou bäigedroen, dass et um Enn kloer gouf. Diddeleng huet sech an de leschte Minutten och sengem Schicksal erginn.
Käerjeng huet fréi fir kloer Verhältnisser gesuergt. No 7 Minutte stoung et 5:1 fir d'Ekipp vum Trainer Dan Mauruschatt an no 10 Minutte schonn 8:3. Déi Gréng konnten hir éischt aacht Ugrëffer ëmmer a Goler ëmmënzen. De Museldall hat virun allem Problemer, fir an der Offensiv duerchzekommen oder ass um Aluminium oder un der Golkippesch hänke bliwwen.
De Match war no 20 Minutte beim Stand vu 15:6 fir Käerjeng scho virentscheet a si konnte schonn e puer Käre fir d'Finall spueren. Mat enger klorer Avance vu 7 Goler goung et an d’Kabinnen (18:11).
Wéi schonn am Championnat huet de Museldall sech no der Paus nach eng Kéier lancéiert a konnt de Réckstand op 4 Goler verkierzen (20:16 no 38 Minutten), mee fir méi sollt et net duergoen. De Ball ass bei Käerjeng zu deem Moment net méi sou gutt gedréint, mee e puer kuerz Korrekture vum Trainer Mauruschatt hunn de Rekord-Coupegewënner nees op déi richteg Bunn bruecht.
Uschléissend huet de Museldall wuel nach säi Bescht versicht, mee d'Kräften hunn nogelooss an den Ecart gouf ëmmer méi grouss. Och wann d'Noemie Hoffmann bei de Miselerinnen nees mat vun der Partie war, huet een hir ugemierkt, dass si nach net bei 100 Prozent ass. Och d'Fabienne Thiry huet an der Defense gefeelt.
D’Teodora Galic, déi an den éischten 20 Minutte 6 Goler markéiere konnt, gouf mat insgesamt 8 Goler zum MVP gewielt.
E Mëttwoch hat d'Lëtzebuerger Handballfederatioun matgedeelt, dass si an der Nina Kanto eng nei Nationaltrainerin fir d'Dammenekipp fonnt huet. Am Virfeld vun den Halleffinalle vun den Damme gouf déi fréier franséisch Nationalspillerin an der Coque der Press virgestallt.
An der Presenz vum President Dr Romain Schockmel an dem DTN Alexandre Scheubel, deen en éischte Kontakt hiergestallt hat, huet déi nei Nationaltrainerin gesot, dass si schonn eng Zäit mat de Responsabele vun der Federatioun a Kontakt stoung. No der Demissioun vum Michel Scheuren wär de richtege Moment fir en neien Challenge gewiescht. Si bleift awer och d'Cheffin vum weiblechen Nowuesszentrum vum HB Metz. Dat wär fir si e kohärenten Engagement, well si eng Ekipp forméieren an de Spillerinnen hir international Erfarung mat op de Wee gi kéint.
De Lëtzebuerger Handball kennt déi 200-fach franséisch Nationalspillerin duerch verschidde Matcher géint Jugendekippen an duerch Trainerstagen am Groussherzogtum. Zum Beispill wären hir d'Spillerinne Maewa Huberty (Käerjeng) a Valerie Gomes (Diddeleng) bekannt. Déi exigent Trainerin wëll an den nächste Wochen de Kontakt mat den Dammen-Traineren zu Lëtzebuerg sichen an am Juni d'Ekipp eng éischt Kéier zesummeruffen. An der Preparatioun op d'Campagne am Oktober sollen och Stagen zu Metz ofgehale ginn.