
Virum Ouschterweekend adresséiert sech de Verwaltungsrot vu Rosa Lëtzebuerg an engem oppene Bréif un de Kardinol Jean-Claude Hollerich.
Doranner gëtt hiert Bedaueren ausgedréckt iwwert de sougenannten "responsum ad dubium" vun der Glawenskongregatioun am Zesummenhang mam Seene vu gläichgeschlechtleche Koppelen. D'Verbindung tëscht deenen zwee Leit géif net dem gëttleche Wëllen entspriechen an dofir kéint déi Partnerschaft och net geseent ginn, heescht et an deem Avis vun der Congregatioun, deem de Poopst och zougestëmmt huet.
Dem Verwaltungsrot vu Rosa Lëtzebuerg fält et schwéier, d'Argumentatioun vun der Kongregatioun nozevollzéien. D'Positioun vun der Kierch géif villen homosexuelle Gleewegen e Gefill vu Verstouss-sinn vermëttelen, an et freet een de Kardinol, ob een an der Kierch zu Lëtzebuerg nach wëllkomm ass.
Proposéiert gëtt och d'Schafe vun engem Aarbechtsgrupp iwwert déi sexuell Orientatioun an Identitéit, wou ee gemeinsam un der Pastoral fir Homosexueller kéint schaffen.
An enger éischter Reaktioun sot sech de Weibëschof Leo Wagener oppe fir e Virgespréich mat Rosa Lëtzebuerg iwwert de proposéierten Aarbechtsgrupp. Et wier ëmmer gutt, wann ee matenee schwätzt an all Persoun wier wëllkomm an der Kierch, och wa se eng homosexuell Orientéierung huet.