
"De Virstouss vum Léon Gloden geet an eis Richtung, mä net sou wäit, fir de Parquet an d'Riichter komplett vuneneen ze trennen, mat zwee verschiddene Statuten." De Roy Reding sot dat de Freideg de Moien an enger virtueller Pressekonferenz zum Volet Justiz, wat d'Aarbechten un der Verfassung ugeet.
Den adr-Deputéierten huet dowéinst Adaptatiounen un der Textpropos vum CSV-Vertrieder presentéiert. Den Haaptpunkt besteet doran, dass fir d'alternativ demokratesch Reformpartei d'Riichter och an Zukunft zum 3., de Parquet dogéint zum 2. Pouvoir gehéiere soll.
"Et geet domat un: Si sinn zesummen an der Schoul, sinn zesummen an der Magistratur, well et wiessele jo ganz oft Leit vun der Magistratur op de Parquet an ëmgedréint. An et kënnt nécessairement dozou, dass ausserhalb vum Geriichtssall, ausserhalb vun der Audience publique geschwat gëtt iwwer eng Affär. An dat ass an eisen Aen total inacceptabel.", esou de Roy Reding.
Am Text sollt e kloren Ënnerscheed gemaach ginn, fir déi zwee ze trennen. D'Debatt iwwert de Statut vum Parquet wär net nei, betount de Roy Reding, fir dee bei der Gewaltentrennung d'Kromm an der Heck läit.
"Mir sinn der Meenung, dass eng onofhängeg Justiz nëmmen da ka bestoen, wann et eng Séparation formelle gëtt vum Ministère public a vun der Funktioun vum Riichter."
D'Onofhängegkeet vun der Justiz wär den eenzege Garant dofir, dass d'Leit Urteeler acceptéieren, seet den adr-Deputéierten. Firwat wëll seng Partei de Parquet dann aus der Justiz eraushuelen? Ma well sech an engem Prozess d'Riichter an de Parquet uewenhi sëtze géifen an de Justiciabel ënne stéing: eleng vun der Symbolik hier kéint een do net vu Gläichheet schwätzen. Däitschland wär hei e Virbild, well de Parquet an de Justiciabel do um selwechten Niveau séizen. D'alternativ demokratesch Reformpartei fuerdert - eben - eng kloer Trennung.
"Les magistrats du siège - d'Riichter - sont indépendants dans l'exerice des fonctions juridictionnelles. Par contre, le ministère public est rattaché au Ministère de la Justice. Il exerce l'action publique et requiert l'application de la loi."
D'Leit vum Parquet wären deemno Staatsbeamten.
De Conseil national de la Justice sollt sech iwwerdeems, wann et der adr no geet, exklusiv aus Riichter zesummesetzen, déi hirersäits da Riichter nominéiere géifen. De Conseil sollt och d'Disziplin bei de Riichter iwwerwaachen, wougéint d'Leit vum Parquet dem Staatsbeamtestatut ënnerleie géifen.
Donieft sollt d'Uruffe vum Verfassungsgeriicht, wat bis elo just iwwer eng Question préjudicielle geschéie kann, opgemaach ginn.
"Fir all Deputéierten, da géife mer soen, selbstverständlech kann och d'Regierung de Conseil constitutionnel uruffen, da géife mer d'Méiglechkeet och opmaache fir de Conseil d'État, a schlussendlech géife mer et och opmaache fir all Bierger."
Beim Bierger soll et awer eréischt dann dozou kommen, wann all Voie de recours duerchlaf ass.
Donieft léich d'disziplinaresch Kontroll vun de Riichter beim Parquet, wat och eng ganz ongesond Situatioun wär, sou de Roy Reding. An deem sengen Aen am Conseil national de la Justice net Riichter sollte sinn, Leit vum Parquet an aus der Zivilgesellschaft. Och hei wéilt een, dass d'Onofhängegkeet vun de Riichter garantéiert wär.
"Dofir hätte mir gär, dass d'Compositioun vum Conseil national de la Justice exklusiv déi ass vu Magistraten, vu Riichter, vu Magistrats du siège, à l'exclusion vun iergendwelchen anere Leit, Affekoten, Statsanwälten oder wat och ëmmer. Nëmme sou kënne mer garantéieren, dass d'Fonctioun vum Magistrat, vum Riichter, och wierklech onofhängeg ass. Déi géifen dann och d'Nominatioun maache vun de Riichteren."
E Riichter sollt doriwwer eraus net géint säi Wëlle versat ginn, och wann dat enger Promotioun entsprieche géif, an d'Verfassungsgeriicht sollt an Zukunft och vun Deputéierten, der Regierung, dem Conseil d'État a vu Bierger kënnen ugeruff ginn. Den adr-Deputéierte fäert doduerch keng Iwwerlaaschtung vun der Cour constitutionnelle, well wuel keng "Micky Maus-Froe" géife gestallt ginn, mä därer, wou en Zweiwel besteet. Beim Bierger sollt et awer zu enger Procédure de tri kommen.