
Wéi et heescht, wier dee leschten Discours vum Premier virun den Deputéierten eréischt en halleft Joer hier. Och géifen et aktuell ze vill ekonomesch Ongewëssheete ginn.
Aktuell gesi sech jo och d'Sozialpartner mat der Regierung am Kader vum europäesche Semester, wou d'Dossiere bis Enn vum Mount mussen op Bréissel geschéckt ginn.
Och ewell déi 2 lescht Joren hat de Staatsminister Bettel säin Discours zur Lag vun der Natioun net am Abrëll, mä um Enn vum Joer gehalen.
Zejoert war d'Ried vum DP-Staatsminister am Oktober, als Ursaach fir de Report vum Datum war d'Pandemie deemools genannt ginn.