Am LokalenRëtsch Accidenter a Brand zu Mamer mat engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Samschdeg den Owend op e puer Plazen zu Accidenter mat Blesséierten.
© CGDIS Archivbild

Um 18.15 Auer hate sech um CR110 tëscht Esch-Lalleng an Éilereng 2 Autoen ze pake kritt. Eng knapp Stonn drop war et en Accident mat engem Auto op der A13 am Tunnel Aessen a Richtung Éilereng. Op béide Plazen goufen all kéiers 2 Persoune verwonnt.

Ee Blesséierte gouf et bei enger Kollisioun tëscht 2 Ween géint 21.45 Auer zu Esch an der Rue Mathias Koener. A kuerz virun 22.40 Auer hat et an engem Appartement zu Mamer an der Rue du Commerce gebrannt. Och hei ass ee Blesséierten ze bekloen.

Op der Streck RN27 tëscht der Toodlermillen an dem Heischtergronn ass e Sonndeg de Moien 10.20 Auer e Motocyclist gefall a gouf blesséiert.

Dann huet de CGDIS nach en Accident géint 16:15 Auer tëscht Beefort an dem Grondhaff gemellt. Hei krute sech zwee Ween ze paken an zwou Persoune goufe blesséiert. D'Rettungsekippe vun Iechternach, der Fiels a Beefort, wéi och de Samu aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO