Laboratoires RéunisRetard bei Testresultater, well Leit falsch Nummer uginn oder Handy futti ass

RTL Lëtzebuerg
An der Reegel kritt ee säi PCR-Test-Resultat bannent 48 Stonnen.
Retard bei Testresultater
Dr. Bernard Weber – CEO Laboratoires Reunies

Ma e puer Leit hu missten ronderëm Päischten méi laang waarden op hiert Resultat a konnten dowéinst net oder eréischt méi spéit an d’Vakanz fueren.

Well et rezent eng héich Demande gouf, hunn d’Laboratoires Réunis missten hir Kapazitéiten adaptéieren. D’Entreprise huet ënnerstrach, datt d’Retarde vun Testresultater virun allem drop zeréckzeféiere sinn, well Leit iertemlecherweis falsch Nummeren uginn oder et technesch Problemer mam Handy gouf.

Back to Top
CIM LOGO