Wéi et vun der Noriichtenagence AFP heescht, wier e Bus mat véier Persounen u Bord an d'Seine gefall. D'Gefier wier fir d'éischt an e geparkten Auto gerannt, ier et an de Floss gefall wier. Enger, den Autoritéiten noer Source no ware véier Persounen u Bord, déi alleguerte konnte gerett ginn. Hinne géif et gutt goen.
Weider heescht et, datt et sech bei der Busfaart ëm eng Formatioun gehandelt huet, dowéinst wieren och esou wéineg Leit am Bus gewiescht. Och dat geparkte Gefier, an dat de Bus gerannt war, ass an der Seine gelant, hei souz awer keen dran.
D'Police an d'Pompjeeë ware mat engem groussen Dispositif op der Plaz, och eng Rei Policebooter waren am Asaz.