REPLAY vun der DeklaratiounRestauranten, Caféen, Diskoe bleiwe bis op Weideres zou

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg war op Grond vun der Corona-Kris een ausseruerdentleche Regierungsrot, wou weider Mesurë geholl goufen.
Deklaratioun vum Xavier Bettel a Paulette Lenert
E Sonndeg war een ausseruerdentleche Regierungsrot.

Restauranten, Caféen, Discoen a Geschäfter, déi Public ëmfänken, wéi Beispillsweis Sportssitten, Bibliothéiken, Muséeën oder Kinoen, vu Mëtternuecht u bis op Weideres zou. Dat huet de Premier Xavier Bettel e Sonndeg no engem weideren ausseruerdentleche Regierungsrot annoncéiert, wou nei Mesurë géint d’Verbreedung vum Coronavirus decidéiert goufen.

All kulturell, sportlech a festlech Evenementer mussen ofgesot ginn. Et gëtt hei keng Begrenzung vun enger Unzuel u Leit méi, déi nach erlaabt sinn.

De Secteur Alimentatioun, Supermarchéen, Traiteur bleiwen op, huet de Xavier Bettel betount, et géing also kee Gronn fir Panik ginn.

Net betraff vun de Fermeturë sinn och: Apdikten, Optiker, Telecom, Hygiène a Botzgeschier, Tankstellen, Botzereien an Zeitungsbutteker a Services Funéraires bleiwen op. Och Liwwerservicer kënne weider fonctionéieren.

Vum Premier war et donieft eng staark Recommandatioun un all vulnerabel Persounen, fir Doheem ze bleiwen an nëmmen erauszegoen, wann et och wierklech néideg ass. Gemengt sinn alleguer d'Persounen iwwer 65 Joer, all Persoune mat engem geschwächten Immunsystem, Diabetiker, Kriibspatienten a Mënsche mat kardiovaskuläre Problemer.

Wat d'Akafe betrëfft soll ee System en place gesat ginn, fir datt déi vulnerabel Leit an Zukunft kënnen heem beliwwert ginn.

Ma net nëmmen déi vulnerabel Leit sollen hir Deplacementer limitéieren, sou de Xavier Bettel. Och déi aner Leit solle sech beschränken an dat op Deplacementer fir op d'Aarbecht, medezinesch Visitten an eng Urgence oder Maison médicale, fir anere Leit ze hëllefen oder fir d'Akafe vu Liewensmëttel oder medezinesche Produiten. Erlaabt bleiwen och Aktivitéiten an der fräier Natur. D'Leit sollen do awer déi néideg Distanz zu anere Leit respektéieren an op d'Hygiène oppassen.

Duerch all dës Mesurë soll evitéiert ginn, datt sech ze vill Leit bannent kuerzer Zäit mam Coronavirus ustiechen. D'Kurv vun den neien Infektioune soll domadder sou flaach wéi méiglech gehale ginn.

Fir de Betriber déi Cash-Problemer kréien ze hëllefen, goufen dës Woch schonn eng Rei Mesuren annoncéiert, dorënner Deelzäitaarbecht oder Kuerzaarbecht. Donieft decidéieren d’EU-Finanzministere e Méindeg zu Bréissel iwwert weider Moyenen, fir der Ekonomie ënnert d’Äerm ze gräifen.

D’Grenze ginn hei zu Lëtzebuerg dann net zougemaach, d’Regierung bleift op hirer Positioun. Däitschland dogéint huet e Sonndeg decidéiert wéinst dem Coronavirus seng Grenzen deelweis zouzemaachen. Déi Lëtzebuerger Grenz ass net betraff.

E Sonndeg den Owend ass d'Cellulle de crise zesummen, fir weider Detailer ze plangen. E Méindeg de Moie gëtt et dann ee weidere Point de presse.

Back to Top
CIM LOGO