De Mouvement écologique huet der Regierung hiren Entworf vum Klimaschutzgesetz an den nationalen Energie- a Klimaplang zolidd kritiséiert. E fundamentaalt Iwwerschaffen dovu wär néideg, huet d'Presidentin Blanche Weber fonnt. En 1. Entworf vum Klimaschutzgesetz wär nämlech net nëmmen net verbessert, mä op ville Punkte souguer verschlechtert ginn. Ënnert anerem géif et un Transparenz a Kloméiglechkeete feelen. Déi 3 Regierungsparteie wären dofir responsabel.

Den Iwwerbléck zum nationalen Energie- a Klimaplang géif iwwerdeems enger Wonschlëscht gläichen. Donieft géif d'Erhéije vun den Accisen op Bensin an Diesel net duergoen.
Wat den nationalen Energie-a Klimaplang ugeet, wënscht ee sech, datt d'Fro vum Wuesstem thematiséiert gëtt. Bis ewell wier dat net de Fall gewiescht. Fir eng effikass Klimaschutzpolitik ze maachen, misst een nämlech de Wuesstem a Betruecht zéien.
„E geleaktenen Tëschenentworf aus dem Oktober hat Hoffnung opkomme gelooss: Zanterhier koum et awer zu Verschlechterungen!“: Dat sot d'Presidentin vum Mouvement écologique en Donneschdeg de Moien zum Entworf vum Klimaschutzgesetz, dee viru kuerzem presentéiert gouf.
D'Associatioun fuerdert besonnesch eng kloer Definéierung a Beschreiwung vun de Mesuren am neien Energie-a Klimaplang, fir eben d'CO2-Emissiounen ze reduzéieren, grad ewéi d'Energieeffizienz an déi erneierbar Energien eropzedrécken. De Plang soll deemnächst iwwerschafft ginn, esou nach de Mouveco.
Dem Blanche Weber no wäre kloer Reegele gestrach ginn; dobäi wéilt een e Gesetz, dat den néidege Kader setze géif. Amplaz dovu wär et zu enger „systematescher Demontage vun enger reeller Klimaschutzpolitik“ komm.
RTL-Artikel: Martine Hansen: Energie- a Klimaplang näischt méi wéi en eidele Pak Pabeier