
Spuere gëtt bësse méi belount, mee Kredit gëtt bësse méi deier: Déi europäesch Zentralbank huet en Donneschdeg decidéiert, hir Tauxen ëm 0,25 Prozentpunkt an d'Luucht ze setzen, fir d’Inflatioun ze bremsen. Et ass déi éischt Hausse zanter bal 3 Joer an d’EZB ass déi éischt grouss Zentralbank, déi an der Suite vum Ufank vum US-israeelesche Krich am Iran d'Zënsen eropgesat huet. Am ongewësse geopoliteschen Kontext géing et der EZB no méi Risiken ginn, datt d'Präisser weider klammen, ewéi datt déi wirtschaftlech Leeschtung géing zeréckgoen.
Am RTL-Interview huet de Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank a Member vum EZB-Conseil, de Gaston Reinesch als alleréischt op déi "ganz komfortabel" Situatioun am Ufank vum Joer higewisen. Do louch den Haapt-Leetzëns bei 2% an d'Inflatioun och no bei 2%, wat och den Objektiv vun der Präisstabilitéit vun der EZB ass. Dunn huet Enn Februar den US-israeelesche Krich ugefaangen, deen zur Fermeture vun der Hormus-Mieresstrooss gefouert huet an en Energie-Schock an indirekt Effete bei Energie-intensive Produkter verursaacht huet. De Previsiounen no kéint d'Inflatioun an der Eurozon op 3,5% oder méi klammen.
D'EZB weit natierlech den Effet vun enger Zënshausse op de Kredit an d'wirtschaftlech Leeschtung och of an do wier een nach "an enger relativ acceptabeler Situatioun". Hei leien d'Projektioune bei 0,8% fir dëst Joer an 1,2% fir d'nächst Joer. De Chômage läit iwwerdeems bei 6,3% an der Eurozon, wat en historesch niddregen Niveau wier. Mat all den Informatiounen, déi haut virleien, wier dem Chef vun der BCL no d'Decisioun fir de Leetzëns eropzesetzen "déi logesch a bescht Decisioun, déi ee konnt huelen".
Hien huet och drop higewisen, datt d'Decisioun vun der EZB vun de Mäert erwaart gouf an dowéinst schonn zanter puer Wochen zum Deel an den Zënsen op de Mäert agepräisst.
"Net méi vill" oder "déi eng oder aner Zënserhéijung" net auszeschléissen
Mee de Gaston Reinesch huet och ergänzt: "Ech brauch Iech oder äre Nolauschterer net ze soen, wann een d'Noriichte kuckt, datt all Dag eppes Neits ka geschéien". Déi europäesch Zentralbank huet sech dowéinst och kloer net op ee Wee fir nächst Decisioune festgeluecht. D'EZB-Cheffin Christine Lagarde hat en Donneschdeg awer méiglech Zenarie genannt. Am schlëmmste Fall wou d'Inflatioun däitlech an op Dauer vum Zil vun 2% géing ofkommen, misst d'Äntwert staark sinn. Wann et net grad esouwäit kënnt, kéinten Ajustementer nach néideg ginn.
De Gaston Reinesch, dee sot et géing ee vu Reunioun op Reunioun opgrond vun neien Informatiounen Decisiounen huelen: "an där Onsécherheet kann een net ausschléissen, datt net méi vill muss geschéien, mee et kann een och net ausschléissen, datt et nach vläicht déi eng oder déi aner Zënserhéijung bis Enn des Joers kéint ginn".
Mesuren fir Inflatioun ze bremsen "kann een nëmme begréissen"
"Wann elo a verschidde Länner Mesure geholl ginn, déi och d'Inflatioun kënne bremsen, kann een déi nëmme begréissen", esou dann den Zentralbankchef iwwert d’Aktiounen oder d'Roll vun den Eurozon-Länner. Fir de Gaston Reinesch ass kloer: Inflatioun ass kuerz- a mëttelfristeg net gutt fir d'Economie a fir d'Leit a scho guer net fir Leit mat méi klenge Revenuen.
Mee op d'Scholden ugeschwat huet hien ergänzt: "Ech hunn och net gesot et soll ee Scholde maache. Et kann ee Scholde maachen, mee Scholde musse sustainable (also nohalteg) bleiwen, ewéi een esou schéi seet".