
E Freideg de Mëtteg huet d'Regierung eng weider Kéier de Chamberbüro iwwert d'Corona-Situatioun informéiert.
Ënner anerem goung et ëm déi weider Organisatioun vum Déconfinement. Konkret Etappen oder Datume goufen awer keng annoncéiert, sou de Sven Clement am RTL-Interview.
Den Deputéierte vun de Pirate sot sech no der Reunioun virun allem verwonnert driwwer, mat wat fir engen Donnéeën hei Decisioune geholl ginn .
D'Entscheedunge ginn op enger relativ dënner Datebasis geholl. Déi eenzeg Donnée wieren d'Zuele vun den Infektiounen an d'Occupatioun vun de Spidolsbetter. Dat wier verwonnerlech, well d'Uni Lëtzebuerg Etüde gemaach hätt a well eng Rëtsch Ministère sech vu Berodungsentreprisë consultéiere gelooss hätten.
Allgemeng sot de Sven Clement sech no der dach laanger Reunioun enttäuscht. Et wier éischter e Rapport vum Status Quo mat techneschen Informatioune gewiescht, ewéi en Ausbléck no vir.
