Reaktioun op GewerkschaftskritikRegierung huet beim Mindestloun "nach keng Entscheedung geholl", sou Marc Spautz

Michèle Sinner
No Kritik vun den Gewerkschaften huet den Aarbechtsminister Marc Spautz betount, datt d'Regierung nach keng definitiv Decisioun iwwert d'Upassung vum Mindestloun geholl huet an d'Sozialpartner an d'Diskussioun wëlle mat abannen.
Fir d’nächst Woch wier scho méi laang eng Reunioun ugesat gewiescht, fir mat de Sozialpartner iwwer den Aarbechtsmaart an d’Beschäftegung ze schwätzen, sou den Aarbechtsminister e Freideg.
© François Aulner / RTL

Nodeems d’Gewerkschaftsunioun aus OGBL an LCGB e Freideg de Moie kritiséiert hat, datt d’Regierung net mat hinne geschwat hätt a si d’Decisiounen iwwert d’Ëmsetzung vun der Mindestloundirektiv aus der Press gewuer gi wieren, huet den Aarbechtsminister Marc Spautz berouegt: “Beim Mindestloun huet d’Regierung nach keng Entscheedung geholl. Et si Berechnunge gemaach ginn, wat d’Lounentwécklung ausgemaach huet, an do komme mer op 3,8 Prozent, wéi déi lescht zwee Joren d’Lounentwécklung hei zu Lëtzebuerg war.

De Marc Spautz huet och ënnerstrach, datt déi geplangten Upassungen op zwee Niveaue solle geschéien: “Mir hunn och gesot, dass fir eis d’Median, dat wéi an der EU-Direktiv steet, well et muss ee jo ënnerscheeden, dat eent ass d’Mindestlounupassung, déi mir hei zu Lëtzebuerg all Kéiers kennen, an dann ass et nach op där anerer Säit, wou et d’Europäesch Direktiv Reegele virgëtt, wou mir wëllen op 60 Prozent vum Medianakommes kommen. A mir ruffen d’Gewerkschafte fir d’nächst Woch, fir mat hinnen eng Kéier de Point ze maachen.”

Fir d’nächst Woch wier scho méi laang eng Reunioun ugesat gewiescht, fir mat de Sozialpartner iwwer den Aarbechtsmaart an d’Beschäftegung ze schwätzen. “An dann hoffen ech, dass mer domadder déi Situatioun deblockéiert kréien, an dass mer dann och zesumme kënnen déi Decisiounen huelen, déi noutwendeg sinn, am Interêt vun de Leit an och am Interêt vum Land”, esou den Aarbechtsminister.

De Marc Spautz regrettéiert, datt mat de Sozialpartner nach ëmmer am Bipartite-Modus muss geschafft gëtt. Mee et wier kee Probleem, fir esou iwwert d’Chifferen ze diskutéieren, dass jidderee “seng Iwwerleeunge kann abréngen an dass dann d’Regierung à connaissance de cause déi Decisiounen hëlt, déi wichteg sinn”, esou de Marc Spautz.

Back to Top
CIM LOGO