
Et geet eis deck duer! Mir ginn nees virun Faits accomplis gestallt. D’Regierung huet schonn alles decidéiert an et ass nees net mat eis geschwat ginn. Mir kënnen d’Informatiounen, déi de Moien am Lëtzebuerger Land stoungen, confirméieren. Et soll keng strukturell Erhéijung vum Mindestloun ginn. Dat soen d’Nora Back an de Patrick Dury, Gewerkschaftspresidente vun OGBL an LCGB e Freideg de Moien op enger gemeinsamer Pressekonferenz vun der Union des Syndicats. Et wier ee prett, nees ze kämpfen, genee wéi leschte Summer, seet d’Nora Back. Déi éischt 100 Deeg vum neien Aarbechtsminister Marc Spautz wieren elo laanscht an et hätt sech nach ëmmer näischt gedoen.
Beim Mindestloun geschitt jo eng automatesch Upassung all 2 Joer. Elo géing d’Regierung probéieren, fir ze soen, dass et mat dëser automatescher Upassung a mat den nächsten zwou Index-Tranchen gedoe wier. Haut läit de Mindestloun bei 48 Prozent vum Medianloun. Eng EU-Direktiv seet, dëse Seuil soll bei 60 Prozent leien. “Dat ze verkafen als eng Mindestloun-Erhéijung, ass de Geck mat eis gemaach,” sou d’Nora Back.
D’Unioun vun de Syndikater huet dofir e Freideg de Moien eng Réunion d’urgence beim Premier ugefrot. De Patrick Dury seet, et géifen de facto net méi dräi Partner um Dësch sëtzen, mee engersäits d’Unioun vun OGBL an LCGB an anerersäits dann d’Unioun vu Regierung a Patronat. Esou kéint een net méi verhandelen. Donieft wier d’Evolutioun vum Chômage ganz besuergneserreegend, doriwwer misst onbedéngt am Konjunkturcomité geschwat ginn an eventuell souguer am Kader vun enger Tripartite.