
D'Regierung gëtt zou, datt déi lescht Méint a Joren d'Relatioune mat der Jeeërfederatioun extrem ugespaant waren, nodeem den deemolege President Jacobs grave Reprochë géint d'Ministesch Dieschbourg a Leit aus den zoustännege Verwaltunge lancéiert hat. Et hätten awer ni Preuven heifir ginn.
Nodeem de President Jacobs elo demissionéiert huet, hofft d'Regierung op eng partnerschaftlech Kooperatioun mat der FSHCL. Eng Reunioun mat de Jeeër-Vertrieder wier aktuell awer nach net geplangt. Gewaart gëtt op d'Generalversammlung vun de Jeeër, éier da kéint eng Entrevue organiséiert ginn.
Dat soen de Staatsminister Bettel an d'Ëmweltministesch Dieschbourg als Äntwert op eng parlamentaresch Fro. Interessant ass, datt dës Fro vun den DP-Majoritéits-Deputéierte Graas an Arendt formuléiert gouf.
No enger Sëtzung den 1. Mäerz gouf jo eestëmmeg bei der FSHCL decidéiert, dass de Jo Studer, aktuelle Vizepresident, temporär de Posten als FSHCL-President iwwerhëlt.
11 Joer laang stoung de Georges Jacobs un der Spëtzt vun der Jeeërfederatioun an hat iwwerraschend virun engem Mount seng Demissioun annoncéiert.
Wéi et geheescht huet, wier dëst en Hëllefruff gewiescht, well hie sech komplett vun der Politik géif am Stach gelooss fillen. D'Ministesch Carole Dieschbourg géif d'Jeeër net als Partner acceptéieren, ënner anerem hat de Georges Jacobs d'gréng Ministesch der Ligen accuséiert. Och géifen d'Jeeër systematesch ignoréiert a mëssuecht ginn.
Et war och d'Kritik, nodeem d'Juegd am Kader vun de Covid-Restriktiounen als Fräizäitaktivitéit klasséiert gi war, datt eng 2.500 Wëllschwäin net konnte geschoss ginn an d'Jeeër ni ëm hir Meenung zu dëser Decisioun gefrot gi wieren.
Aktuell ginn et iwwer 2.300 Juegdschäiner am Land, d'Juegdlouse sinn op 621 eenzel Parzellen opgedeelt, déi vum September bis Januar nei verpacht goufen.