
De Grond ass, dass dës Staaten net genuch Mesurë géint d’Klimakris ënnerholl hätten. D'Lëtzebuerger Regierung wier beispillsweis sengen Obligatiounen net nokomm, fir d’Recht op Liewen ze schützen.
Youth for Climate, de Kollektiv vu Jugentlechen fir de Klima, fuerdert dohier d'Lëtzebuerger Regierung op, „sech anzegestoen“, datt se net genuch géint d’Klimakris ënnerholl hätt.
D’Regierung hätt, wéi et heescht, Zäit bis de 27. Mee, fir hir Äntwert dem europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff ze schécken. Youth For Climate schreift: "...et kann een net aus senge Feeler léieren, wann ee se net acceptéiert".