
Beim Ausschaffe vun dësem Gesetz wëll d'Regierung Vetrieder vun alle Parteie mat an d'Boot huelen. Dofir souzen e Mëttwoch de Moien de Büro an d'Conférence des présidents vun der Chamber mat de Ministere fir Justiz, Finanzen a Gesondheet eng éischte Kéier zesummen.
D'CSV-Deputéiert Martine Hansen: "Mir haten um Ordre du Jour en Epidemie-Gesetz stoen. Mir kruten elo e Covid-19-Avant-Avant-Projet de Loi virgestallt, wat an eisen Aen och ze begréissen ass, well mir wëllen elo net – ech hat dat och scho gesot – iwwert d'Hannerdier eng Verlängerung vum Etat de Crise an der Chamber stëmme loossen. Mir wollten och keen Epidemiesgesetz, wou mir iwwer laang Zäit der Regierung wierklech extraordinär Pouvoire ginn, an dat iwwert de Knéi briechen. Dat heescht mir hunn elo mol e Covid-19-Gesetz. Wat fir eis do awer wichteg ass, dat ass, dass dat Covid-19-Gesetz och eng zäitlech Rumm kritt."
Sollte verschidde Mesuren och iwwert dës zäitlech Rumm ewech néideg sinn, géif dann e weidert Gesetz gestëmmt ginn. Iwwert dee Wee wier d'Matsproocherecht vun der Chamber geséchert. E Freideg ginn d'Diskussioune virun. Da kéinten och schonn éischt Aussoen doriwwer gemaach ginn, wat genee am Projet de Loi géif stoen.
Et ass e wichtegt an awer delikat Gesetz, dat d'Regierung den Ament am gaangen ass, auszeschaffen. Dat sougenannt Covid-19-Gesetz soll déi legal Grondlag bidden, fir all déi Mesuren, déi och nom Etat de Crise nach musse weiderlafen. De Schutz vun der Gesondheet wier dat iewescht Zil vun dësem Gesetz, deemno géifen eng ganz Rei Beräicher do mat erafléissen, esou d'Fraktiounscheffin vun déi Gréng, Josée Lorsché: „Dat eent ass jo, wéi eng Moossnamen huele mir um perséinlechen Niveau? Wéi eng Moossname brauche mir, fir ëffentlech Plazen ze reegelen? Wat brauche mir fir d'Activité économique ze reegelen, respektiv dofir ze suergen, dass déi essentiell Secteuren awer weider fonctionéieren? Dass mir awer nach normal kënne fonctionéieren als Gesellschaft. An dann och wéi eng Schutzmoossname musse mir a Kraaft loossen, respektiv verschäerfen? Dat hänkt jo och un der Evolutioun. A wéi gi mer ëm mat de perséinlechen Donnéeën, déi ganz Informatiounen, déi dohannert stinn? Wéi reegele mir dee Volet?"
E Freideg géifen d'Diskussiounen an dëser Konstellatioun weidergoen. Doraus entsteet dann de Projet de Loi, zu deem de Staatsrot, d'Sozialpartner an d'Beruffschamberen hiren Avis wäerten ofginn.