Dräi BlesséierterAccidenter en Dënschdeg de Moien op der A6 an tëscht Éiter a Bous

Andy Brücker
Bei den zwee Accidenter goufen 3 Persoune verwonnt.
© Laurent Weber

En Dënschdeg de Moie kuerz no 5 Auer huet et tëscht Éiter a Bous gerabbelt. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. D'Pompjeeë vu Mutfert waren op der Plaz, grad ewéi Ambulanze vu Réimech a vum Findel.

Kuerz no 9 Auer gouf et en Accident op der A6, dat tëscht dem Gaasperecher an dem Zéissenger Kräiz. Och an dësen Accident waren zwee Autoe verwéckelt. Eng Persoun gouf verwonnt. D'Pompjeeën an eng Ambulanz aus der Stad waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO