En Deel dovun kënne mir jo schonn an déi blo Valorlux-Tut geheien. Alternativ kann ee Plastikstuten, Jughurtsdëppercher a Barquetten awer och an de Recyclingszenter bréngen. Ma wéi vill gëtt dovun effektiv recycléiert? Den Ënnerscheed ass nawell zolidd.
Enger rezenter Etüd vum Bureau d'études ECO-Conseil no kënne 84 Prozent vun de Verpackungen, déi an der bloer Valorlux-Tut gesammelt ginn, direkt recycléiert ginn. Bei deem, wat am Recyclingszenter u Plastiksoffall gesammelt gëtt, gëllt dat nëmmen fir 22 Prozent. De Grond dofir ass, dass den Inhalt vun der bloer Tut maschinell gesënnert gëtt, wärend d'Verpackungen am Recyclingspark musse per Hand sortéiert ginn, wéi den Direkter vun der Valorlux, Claude Turping, erkläert.
„Et kann een der Verpackung net ëmmer ofgesinn, aus wéi engem Material se ass. Esou dass herno, wann een als Fraktioun d'Jughurtsbecheren hëlt an déi dann iergendwéi an engem Sak landen, an engem Recyclingspark ass dat awer trotzdeem en heterogeent Gemësch. Do si PP a PS Bechere plus ou moins zu 50 Prozent à part égale gesammelt, esou dass déi sech net ouni Weideres, esou weider recycléieren oder veraarbechte loossen. Déi mussen am Nachhinein nach eng Kéier getrennt ginn. Dat huet ee bei enger automatiséierter Anlag, wéi bei Hein Déchêts huet een net, well do gëtt d'Material jo d'office net op seng Form oder säi Verpackungstyp, mä op Material gepréift ginn."
Deemno ass dee machinellen Tri net nëmme méi effikass, ma och méi gënschteg, wéi den Hans-Jürgen Beyer vun ECO-Conseil betount.
„Die Materialien müssen dann, wenn sie aus dem Recyclingpark abgefahren werden, nochmal einer technischen Sortieranlage zugeführt werden, weil händisch das nicht machbar ist und das kostet zusätzlich Geld. Man muss auch bedenken, ich weiss nicht inwieweit diese kleinen Mengen, die hier im Land gesammelt werden, sich rentabel irgendwo hin transportieren lassen zu einer Anlage, wo dann dieser technische Tri gemacht werden kann."
Komplett iwwerzeegt vun der Qualitéit vum machinellen Tri, ass d'Ëmweltministesch allerdéngs nach net. Si wëll d'Resultat vum zweete Pilotprojet ofwaarden, wou de Leit an de SIDEC-Gemengen erlaabt gouf, méi verschidde Plastiksverpackungen an déi blo Tut ze maachen. Carole Dieschbourg: „Wa mer kënne garantéieren, dass do uerdentlech getrennt gëtt, dass déi Materialien, déi do erakommen, och uerdentlech recycléiert ginn, da kann een dat och méi wäit opmaachen."
Allgemeng kënnt een an hiren Aen awer net derlaanscht, d'Quantitéiten u Plastiksoffall ze reduzéieren.
„Hannendrun den Tri, do loossen sech sécher Saachen technesch léisen, mä déi technesch Léisunge léisen eis net de Problem vum Ressourcëverbrauch, de Problem vum Plastik, deen dann awer op verschiddene Plazen an der Natur lant a wou mer Mikroplastiker hunn, déi eis Natur belaaschten an déi am Endeffekt bei eis um Teller landen."
Um Enn ass d'Solutioun wuel e Mix aus Präventioun a guddem Recycling. An dee schéngt eng Maschinn den Ament besser kënnen ze maache wéi de Mënsch.
Serie Valorlux: Nei Recyclingtauxe fir Plastik a wéi Lëtzebuerg déi erfëlle wëll