Al Anlage ginn ersatRecyclage an Akzeptanz vu Wandmillen

Pierre Jans
An 3 Wandparken am Norde vum Land ginn 13 Wandanlage vun der éischter Generatioun ersat.

Méi Energie, mat manner Wandmillen, dofir awer méi modernen Anlagen. Dat ass d'Zil, dat de Stroumproduzent Solèr mat sengem Projet an dräi Wandparken am Norden areeche wëll.

Dofir ginn 13 al Millen ofgerappt. Kritiker vun der Wandenergie behaapten dacks, d'Material dat iwwreg bleift, kéint net richteg recycléiert ginn. Dat soll hei awer net de Fall sinn an och d'Awunner schéngen d'Wandmillen an hirer Noperschaft ze akzeptéieren.

Recyclage an Akzeptanz vu Wandmillen
Kritiker vun der Wandenergie behaapten dacks, d'Material dat iwwreg bleift, kéint net richteg recycléiert ginn. Dat soll hei awer net de Fall sinn.

Méi Stroum mat manner Wandanlagen (8. September 2021)

Méi Stroum mat manner Wandanlagen
De Projet, mat deenen 13 al Wandanlagen vun der 1. Generatioun ersat ginn, kascht eng 30 Milliounen Euro.

E bessert Landschaftsbild a méi Stroum, dee produzéiert gëtt, sinn d'Zil. Déi 13 Anlagen, déi demontéiert ginn, musse just duerch sechs Neier ersat ginn. Et ass ee Projet,  dee ronn 30 Milliounen Euro kascht.

D'Aarbechten hunn am Juli am Wandpark zu Esch-Sauer ugefaangen a sollen am éischten Trimester dat anert Joer mat den Anlagen am Park zu Hengescht ofgeschloss ginn.

Back to Top
CIM LOGO