CoronavirusRéckstänn an de Kläranlage sinn op héijem Niveau a gi kontinuéierlech erop

RTL Lëtzebuerg
Dat steet am neie Rapport vum List, dem Luxembourg Instiute of Science and Technology, fir d’lescht Woch, deen en Dënschdeg de Moie publizéiert gouf.
© RTL-Archiv

D'duerchschnëttlech Wäerter vu der SARS-CoV-2 RNA am Ofwaasser wieren national gesinn awer an enger Schéier ewéi déi 3 Woche virdrun, sou nach de List. Eng méi héich Entwécklung wier a folgende Gemenge festgestallt ginn: Hesper, Beetebuerg, Péiteng, Miersch, Gréiwemaacher, Iechternach oder nach Bleesbréck.

Fir faarweg z'illustréieren: Aktuell sinn d’Réckstänn an de Kläranlagen am orangë Beräich. Um Héichpunkt am Oktober/November war een am roude Beräich.

PDF: Weider Informatioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO