
D’Cour des Comptes huet e Méindeg de Moie säin Avis zum Budgetsprojet fir d’nächst Joer publizéiert. De Rechnungshaff huet eng ganz Rei Recommandatioune formuléiert, déi d’Transparenz an de Suivi vu verschiddenen Ausgaben oder Investissementer verbessere sollen.
Zum Beispill vermësst de Rechnungshaff zentraliséiert Donnéeën iwwert de finanziellen, sozialen, sanitären an ekologeschen Impakt vun Naturkatastrophen. Senger Meenung no kéint eng "Cellule environnementale" de Suivi verbesseren a Recommandatioune maachen.
E bessere Suivi wënscht sech de Rechnungshaff och, wat d’Mesurë géint de Covid ugeet. Méi Transparenz wënscht ee sech dann och, wat d’Ausgabe vun de Fonds spéciauxen ubelaangt.
De Rechnungshaff bedauert, datt et beim Projet vum Militärsatellit "LUXEOSys" u Spezialiste bei der Arméi gefeelt huet an d’Direktioun vun der Defense dowéinst op extern Experten zeréckgegraff huet. Et gëtt recommandéiert, um Niveau vum Staat eng entspriechend Ekipp vu Spezialisten opzebauen.