Eis Invitéën:
D'Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn hunn an engem RTL Spezial op d'Ried zur Lag vun der Natioun reagéiert a wéi all Joers gëtt déi Ried vun den Oppositiounsparteie kritesch bewäert a vun de Regierungsparteien verdeedegt.
D'Fraktiounspresidentin vun der LSAP, d'Taina Bofferding huet vun enger eideler Ried geschwat, d'Sam Tanson vun déi Gréng seet si wier op hirem Honger setze bliwwen, de Fred Keup huet sech als ADR Fraktiounspresident wärend dem Premier senger Ried gelangweilt a seet hien hätt d'Impressioun datt de Luc Frieden an engem Wonnerland géing liewen, dem David Wagner vun déi Lénk huet déi sozial Komponent an d'Fro vun der Ëmverdeelung gefeelt an dem Sven Clement vun de Piraten ass opgefall, datt de Premier déi "béis" Wierder probéiert hätt z'ëmschëffen. Dat Wuert Kris wier zum Beispill net eng eenzeg Kéier gefall.
D'Regierungsparteie loossen dat net gëllen. De liberale Fraktiounschef Gilles Baum seet zwar, datt seng Fraktioun zwar och dës Kéier am Viraus net wosst wat de Premier a senger Ried géif soen, mä et wier eng Ried mat Häerz a Verstand gewiescht an de Laurent Zeimet, de Fraktiounschef vun der CSV huet vun enger éierlecher Bestandsopnam geschwat.
D'Invitéeë goufen och gefrot wéi eng Moossnam si annoncéiert hätten wann se haut d'Ried an der Plaz vum Luc Frieden gehal hätten.
D'Sam Tanson vun déi Gréng war iwwerrascht datt de Premier eng Abstraktioun vun der finanzieller Situatioun am Land gemaach huet. Si ass dovunner iwwerzeegt, datt een déi Ried mat de Staatsfinanzen hätt missten ufänken, well dat wier nu mol d'Basis vun allem an si hätt och Annonce gemaach, wéi een d'Energiekris well bekämpfen. Zum Beispill mat zolitten Aiden fir Wärmepompelen.
D'LSAP hätt de Fokus méi op de Logement geluecht, well d'Wunnkris wier nun emol d'Mamm vun alle Krisen, esou d'Taina Bofferding.
De Fred Keup géif ënnert anerem dofir suergen datt den abordabele Wunnraum prioritär fir déi Leit ass, déi an där respektiver Gemeng wunnen.
Den David Wagner hätt sozial an ekonomesch Mesuren annoncéiert fir d'Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft ze bekämpfen. Déi breet Schëller misste méi droen.
"Ma si droen och méi" huet den Laurent Zeimet vun der CSV betount an de Gilles Baum seet de Premier hätt just nach bësse méi kéinten drop agoen, datt mer nach ëmmer ofhängeg vu fossilen Energië sinn.
Da goung et awer och ëm d'Fro wat bei der Tripartite soll respektiv muss eraus kommen. Do gouf zum Beispill d'Relance vum Sozialdialog genannt an et gouf gefuerdert, datt d'Regierung sech mat der Fro beschäftegt, wéi d'Mesuren, déi eventuell an der Tripartite decidéiert ginn, dono finanzéiert ginn.