Belsch Nuklear-DechargenReaktioun vu Bréissel op Lëtzebuerger Kritik fält nawell hefteg aus

RTL Lëtzebuerg
Déi belsch Ëmweltministesch Marie Christine Marghem seet sech irritéiert a schwätzt carrement vun engem seriöen diplomateschen Tëschefall.
© SIP

Dat mellt d'Agence Belga den Dënschdeg den Owend.

RTL-News: Ëmweltministesch "not amused": Eventuell belsch Nuklear-Dechargen op Lëtzebuerger Grenz D'Ministesch versteet net, datt hir Lëtzebuerger Homologin Carole Dieschbourg mat dëser Saach un d'Press geet, ouni iwwerhaapt de Kontakt mat de belsche federalen Autoritéite gesicht ze hunn.

Et géing sech hei ëm eng Desinformatiouns-Campagne handelen, déi de belschen Autoritéite soll schueden.

Op alle Fall wier den Ament nach kee Site definéiert, fir nuklearen Dreck ze stockéieren, sou déi belsch Ministesch, déi betount, datt all d'Gesetzgebunge respektéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO