Schro Blessuren nom TornadoRamona Schuster-Goerres kämpft sech zréck an d’Liewen

Pierre Weimerskirch
D’Joer 2019 war virun allem fir déi Leit, déi vum Tornado am August betraff waren, e ganzt schwieregt.
Ramona Schuster-Goerres kämpft sech zréck an d’Liewen
Knapp 4 Méint nom Tornado zu Käerjeng ass d'Ramona Schuster-Goerres vun Éilereng, eng vun den Affer vum Tornado, nees doheem.

Vill Leit hate grousse Schued an e puer goufen der souguer verwonnt. D’Ramona Schuster-Goerres war eng vun de Persounen, déi deen Dag schro blesséiert gi waren.

Si stoung den Ament vum Tornado zu Nidderkäerjeng op engem Busarrêt an hat keng Chance méi ze entkommen. Lo gutt véier Méint no dësem Moment, deen hiert Liewe verännert huet, geet et hir scho besser. Ma trotzdeem huet si am Alldag nach vill mat de Suitte vun dësem fatalen Dag ze kämpfen.

Gutt 4 Méint nom Tornado am Süde vum Land sinn d'Opraumaarbechten zu Péiteng a Käerjeng nach ëmmer am Gaangen. Gutt 40 Milliounen Euro goufe bis ewell vun den Assurancen ausbezuelt, fir déi betraffen Haiser nees esou séier ewéi méiglech bewunnbar ze maachen. D'Aarbechten dierften awer nach bis wäit an d'nächst Joer weider goen.

Ramona Schuster-Goerres kämpft sech zréck an d’Liewen
Si stoung den Ament vum Tornado zu Nidderkäerjeng op engem Busarrêt an hat keng Chance méi ze entkommen.

Back to Top
CIM LOGO