Fréier hat een eng meterlaang Antenn am Gaart, an et war vill Fangerspëtzegefill néideg e Sender ze fannen! Haut geet dat alles vill vill méi einfach! Net nëmmen d Apparater hunn sech verännert, och d’Iwwerdroungswëer.
Hei am Land huet Radio Lëtzebuerg scho virum 2. Weltkrich eng bedeitend Roll gespillt an och nach laang dono. Am grousse Reportage blécken zréck, awer och an d’Zukunft vun dëser fantastescher Erfindung.
Nieft flotten Anekdote vu passionéierte RTL-Speaker déi och schonn d’Radio-maachen an Zäite vun der Villa Louvigny erlieft hunn, gi mer och gewuer, wéi een ewell iwwert d'Smartspeaker Alexa RTL Radio Lëtzebuerg an nach villes méi ka lauschteren.