Virum Ministère fir bannenzegt Sécherheet gouf dofir e Protestpiquet organiséiert. "Et wier eng Tatsaach, datt Fraen, ma och eeler Leit, sech net méi géifen trauen, a verschidde Quartieren ze goen." Dowéinst fuerderen d'ADR-Frae méi Kompetenze fir d'Police, eng Justiz déi duerchgräift an eng Null-Toleranz-Politik géintiwwer der Kriminalitéit.