Wéinst illegalem Trafic vu MigrantenPrisongsstrof vun 8 Joer a Geldstrof vu 7.500 Euro confirméiert

RTL Lëtzebuerg
Dozou gouf e Mëttwoch op der Cour d'appel an der Stad e Mann verurteelt, dee wéinst dem illegalen Trafic vu Migranten de Prozess gemaach kritt hat.

Him war virgehäit ginn, tëscht Oktober 2015 a Mäerz 2017 ëmmer nees probéiert ze hunn, fir Migrante vu Frankräich oder der Belsch aus a Groussbritannien ze bréngen.

11 sou Tëschefäll goufen him am Ganze reprochéiert. Am 1. Prozess hat de Mann awer ausgesot, dass 7 weider Versich Succès haten.

Back to Top
CIM LOGO