Stater GeriichtPrisongsstrof vu 6 Méint, Geldstrof vu 1.500 Euro a Fuerverbuet vu 36 Méint

RTL Lëtzebuerg
An och d'Confiscatioun vum Auto: Dozou gouf e Freideg am Nomëtten um Stater Geriicht e Mann vun 32 Joer verurteelt.

Et war him virgehäit ginn, am August 2019 mat gezunner Handbrems bei eng Bensinsstatioun zu Rodange bäigefuer ze sinn. Donieft souz de 6 Joer ale Fils vum Mann net an engem Kannersëtz, de Mann hat kee Führerschäin, nach e Fuerverbuet bis Enn Januar dëst Joer opstoen an 1,9 Promill Alkohol am Blutt.

Back to Top
CIM LOGO